Zeréck bei den Inhalt

Wat ass den hellege Geescht?

Wat ass den hellege Geescht?

D’Äntwert aus der Bibel

 Den hellege Geescht ass Gott seng Kraaft an Aktioun (Micha 3:8; Lukas 1:35). Gott gebraucht säin hellege Geescht, fir iwwerall dat ze maachen, wat hie wëll (Psalm 104:30; 139:7).

 Dat Wuert „Geescht“ an der Bibel ass eng Iwwersetzung vum hebräesche Wuert rúach a vum griichesche Wuert pneuma. An deene meeschte Fäll ass domat Gott seng Kraaft an Aktioun gemengt, also den hellege Geescht (1. Mose 1:2). Awer dës zwee Wierder ginn an der Bibel och nach anescht gebraucht:

 All dës Bedeitungen hunn eppes gemeinsam: Et handelt sech ëm eppes Onsichtbares, dat eppes Sichtbares bewierkt. An och Gott säi Geescht ass „ewéi de Wand, onsichtbar, net materiell, a staark“ (An Expository Dictionary of New Testament Words vum W. E. Vine).

 An der Bibel gëtt Gott säin hellege Geescht och als seng „Hänn“ oder säin „Fanger“ beschriwwen (Psalm 8:3; 19:1; vergläicht Lukas 11:20 mat Matthäus 12:28). Gott benotzt säin hellege Geescht also fir eppes ganz Bestëmmtes ze bewierken, grad esou wéi en Handwierker seng Hänn a seng Fangere benotzt, fir ze schaffen. Hei e puer Beispiller fir Gott seng Wierker:

Den hellege Geescht ass keng Persoun

 An der Bibel gëtt Gott säi Geescht beschriwwen als seng „Hänn“, säin „Fanger“ oder och als säin „Otem“ (2. Mose 15:8, 10). Dat weist, datt den hellege Geescht keng Persoun ass. Firwat? D’Hänn vun engem Handwierker kënne jo net onofhängeg vu sengem Gehier a sengem Kierper schaffen. A genau esou wéineg ka Gott säin hellege Geescht eppes onofhängeg vu Gott bewierken (Lukas 11:13). D’Bibel vergläicht Gott säi Geescht och mat Waasser an op verschiddene Plaze gëtt en zesumme mat Glawen an Erkenntnis genannt. All dës Vergläicher loossen dorop schléissen, datt den hellege Geescht keng Persoun ass (Jesaja 44:3; Apostelgeschichte 6:5; 2. Korinther 6:6).

 E weidere Punkt: An der Bibel gi Jehova Gott a säi Jong Jesus mam Numm genannt, awer néierens steet den Numm fir den hellege Geescht (Jesaja 42:8; Lukas 1:31). Wéi de Märtyrer Stephanus eng iwwernatierlech Visioun vum Himmel kritt huet, huet hien net dräi Persounen, mee nëmmen zwou gesinn. D’Bibel seet dozou: „Mee de Stephan, erfëllt vum hellege Geescht, huet an den Himmel eropgekuckt an huet d’Herrlechkeet vu Gott gesinn an de Jesus, deen zur Rietser vu Gott stoung“ (Apostelgeschichte 7:55, BFL). Den hellege Geescht war Gott seng Kraaft an Aktioun, déi bewierkt huet, datt de Stephanus dës Visioun konnt gesinn.

Falsch Usiichten iwwer den hellege Geescht

 Wat ee sou héiert: Den hellege Geescht ass eng Persoun an en Deel vun der Dräieenegkeet, wéi dat am 1. Johannes 5:7, 8 an der Allioli-Bibel an an der Schlachter-Bibel steet.

 Fakt: A verschiddene Bibelen, zum Beispill an der Allioli-Bibel oder an der Schlachter-Bibel, sinn am 1. Johannes 5:7, 8 follgend Wierder bäigefüügt ginn: „im Himmel: der Vater, das Wort und der Heilige Geist, und diese drei sind eins; und drei sind es, die Zeugnis ablegen auf der Erde“. Fuerscher hunn awer erausfonnt, datt dës Wierder net vum Apostel Johannes geschriwwe gi sinn, an dofir och net an d’Bibel gehéieren. De Professer Bruce M. Metzger sot dozou: „Et ass sécher, datt dës Wierder net echt sinn an net am Neien Testament dierfe stoen“ (A Textual Commentary on the Greek New Testament).

 Wat ee sou héiert: D’Bibel personifizéiert den hellege Geescht, an dat beweist, datt hien eng Persoun ass.

 Fakt: Den hellege Geescht gëtt heiansdo personifizéiert, awer dat beweist net, datt hien eng Persoun ass. Schliisslech ginn an der Bibel och d’Weisheet, den Doud an d’Sënn personifizéiert (Römer 5:17, 21). Vun der Weisheet gëtt zum Beispill gesot, si „ruft“ an huet „Taten“ (Sprüche 1:20; Matthäus 11:19). A vun der Sënn heescht et, si verféiert, bréngt ëm a rifft „Begierlechkeeten“ ervir (Römer 7:8, 11, BFL).

 Änlech ass eng Ausso vu Jesus ze verstoen, déi den Apostel Johannes zitéiert huet. Do huet hien den hellege Geescht personifizéiert, andeems hien en als „Begleeder“ (Paraklet) bezeechent huet. Dëse „Begleeder“ hëlleft ze erkennen, schwätzt, héiert, verkënnegt, verherrlecht an hëlt. Dobäi huet de Johannes de männleche Pronomen „hien“ gebraucht (Johannes 16:7-15; BFL). Dat huet hien och misse maachen, well dat griichescht Wuert fir Begleeder (paráklētos) e männlecht Substantiv ass. An deem Fall erfuerdert déi griichesch Grammatik e männleche Pronomen. Mee wéi de Johannes op den hellege Geescht mat deem sächleche Substantiv pneuma Bezuch geholl huet, huet hien de griichesche sächleche Pronomen „et“ benotzt (Johannes 14:16, 17).

 Wat ee sou héiert: Datt een am Numm vum hellege Geescht gedeeft gëtt, beweist, datt hien eng Persoun ass.

 Fakt: Heiansdo gëtt an der Bibel d’Formuléierung „am Numm vun“ gebraucht, fir Muecht oder Autoritéit zum Ausdrock ze bréngen (5. Mose 18:5, 19-22; Esther 8:10). Am Lëtzebuergesche gëtt et dës Formuléierung och, zum Beispill wann ee seet „am Numm vum Gesetz“. Awer kee géif dorun denken, datt d’Gesetz eng Persoun wier. Wann een also am Numm vum hellege Geescht gedeeft gëtt, erkennt een d’Muecht an déi wichteg Roll vum hellege Geescht un (Matthäus 28:19).

 Wat ee sou héiert: D’Apostelen an déi éischt Chrëschten hunn och gegleeft, datt den hellege Geescht eng Persoun ass.

 Fakt: Weeder d’Bibel nach d’Geschicht bestätegen eis dat. D’Encyclopædia Britannica seet dozou: „D’Definitioun, datt den hellege Geescht eng onofhängeg gëttlech Persoun ass ..., ass mam Konzil vu Konstantinopel am Joer 381 n.Chr. entstanen.“ Dat war iwwer 250 Joer nom Doud vum leschten Apostel.