Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 40

Wéi kënne mir a Gott sengen Ae reng a propper sinn?

Wéi kënne mir a Gott sengen Ae reng a propper sinn?

Eng Mamm hëlleft hirem klenge Jong, sech fäerdeg ze maache fir d’Schoul. Fir si ass et wichteg, datt hie gewäsch ass an datt seng Kleeder propper an uerdentlech sinn. Esou bleift hie gesond an anerer gesinn, datt seng Elteren sech ëm hie këmmeren. Och eise Papp Jehova wëll, datt mir esouwuel kierperlech ewéi och moralesch propper a reng sinn. Dat deet eis selwer gutt an et éiert Jehova.

1. Wat schléisst et an, propper ze sinn?

Jehova seet: „Sidd helleg“ (1. Petrus 1:16BFL). Fir helleg ze sinn, muss ee moralesch a kierperlech propper sinn. Kierperlech propper ze sinn heescht, sech reegelméisseg ze wäschen a seng Kleeder, säin Doheem an säin Auto propper an uerdentlech ze halen. Et kann een och hëllefen, de Kinnekräichssall ze botzen. Wa mir op Propretéit uechten, éiere mir Jehova (2. Korinther 6:3, 4).

2. Wéi eng Gewunnechte solle mir meiden?

D’Bibel fuerdert eis op, eis vun allem ze rengegen, wat eise Kierper oder eise Geescht onreng maache kéint (2. Korinther 7:1). Dat bedeit, datt mir alles meide sollen, wat eisem Kierper oder eisem Denke schuede kéint. Fir datt eis Gedanke Jehova gefalen, bekämpfe mir onreng Gedanken (Psalm 104:34). Mir schwätzen eng propper Sprooch a vermeiden Ausdréck, déi onanstänneg sinn. (Lies Kolosser 3:8.)

Wat kann een nach maachen, fir kierperlech a moralesch propper a reng ze sinn? Munch Substanzen ewéi Tubak oder Drogen verknaschten de Kierper. Wann een also net fëmmt, keng Drogen hëlt an och keng Medikamenter mëssbraucht, gëtt een net esou séier krank an et uecht een d’Geschenk vum Liewen. Mir bekämpfen och onreng Gewunnechten ewéi Masturbatioun oder d’Kucke vu Pornografie (Psalm 119:37; Epheser 5:5). Et ass net einfach, mat schlechte Gewunnechten opzehalen, awer Jehova kann eis dobäi hëllefen. (Lies Jesaja 41:13.)

AN DEN DETAIL GOEN

Firwat éiert et Jehova, wann ee propper ass? Wéi bréngt een et fäerdeg, mat onrenge Gewunnechten opzehalen?

3. Propretéit éiert Jehova

Wéi wichteg fir Jehova Propretéit ass, gesäit een un de Gesetzer, déi hien den Israelitte ginn huet. 2. Mose 19:10 an 30:17-19 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wéi denkt Jehova iwwer Propretéit?

  • Wéi kann een op eng gutt Hygiène uechten?

Alles propper an uerdentlech ze hale kascht Zäit a Méi. Awer et ass méiglech, ganz egal wou ee lieft a wéi vill Suen een huet. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wéi wierkt et sech op d’Leit aus, deene mir priedegen, wa mir eis Saache propper an uerdentlech halen?

4. Schlecht Gewunnechten opginn

Mat Jehova senger Hëllef kann een all schlecht Gewunnecht iwwerwannen

Een, dee fëmmt oder Drogen hëlt, weess, wéi schwéier et ass, domat opzehalen. Wéi kann een et packen? Andeem een un d’Follgen denkt. Matthäus 22:37-39 liesen. Wat fir Auswierkungen huet et, wann een Tubak an Droge konsuméiert, op …

  • d’Frëndschaft mat Jehova?

  • d’Famill an anerer?

Fir eng schlecht Gewunnecht opzeginn, ass et gutt, sech e Plang ze maachen. a De VIDEO kucken.

Philipper 4:13 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kënne gutt Gewunnechten – ewéi reegelméisseg bieden, d’Bibel studéieren an d’Versammlunge besichen – engem hëllefen, schlecht Gewunnechten opzeginn?

5. Onreng Gedanken a Gewunnechte bekämpfen

Kolosser 3:5 liesen. Dozou dës Froen:

  • Firwat si Pornografie, Sexting a Masturbatioun a Jehova sengen Aen onreng?

  • Fënns du et räsonabel, datt Jehova vun eis erwaart, moralesch propper a reng ze sinn? Firwat?

Wéi kann een onreng Gedanke bekämpfen? De VIDEO kucken.

Jesus huet duerch e Verglach gewisen, datt ee konsequent géint onreng Gedanke virgoe muss. Matthäus 5:29, 30 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wat Jesus gesot huet, war net wuertwiertlech gemengt. Awer hien huet kloer gemaach, datt een aktiv muss ginn. Wat kann ee konkreet maachen, fir onreng Gedanken ze bekämpfen? b

Jehova schätzt deng Ustrengungen, wann s du onreng Gedanke bekämpfs. Psalm 103:13, 14 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kann dësen Text dir Mutt maachen, net opzehalen, géint eng onreng Gewunnecht ze kämpfen?

E Réckschlag ass keng Nidderlag!

Et kéint een denken: „Ech hunn et erëm net gepackt, da kann ech och direkt ganz opginn.“ Dozou e Beispill: Wann e Marathonleefer sech vertrëppelt a fält, heescht dat net, datt hien d’Course verluer huet. An hie muss och net vu vir ufänken. Geneesou bedeit e Réckschlag net, datt s du de Kampf géint eng schlecht Gewunnecht verluer hues oder datt deng Ustrengunge bis dohin ëmsoss waren. Réckschléi sinn normal – si gehéieren zum Léierprozess dozou. Gëff net op! Mat Jehova senger Hëllef kanns du schlecht Gewunnechten iwwerwannen.

WANN EE SEET: „Ech kann net domat ophalen. Dat ass eng richteg Sucht!“

  • Mat wéi engem Bibeltext kéints du weisen, datt een et mat Jehova senger Hëllef fäerdeg bréngt, schlecht Gewunnechten opzeginn?

FAZIT

Jehova freet sech, wa mir eise Kierper, eis Gedanken an eis Gewunnechte propper a reng halen.

Réckbléck

  • Firwat ass Propretéit esou wichteg?

  • A wéi enge Beräicher solle mir op Propretéit uechten?

  • Wéi kann een onreng Gedanken a Gewunnechte bekämpfen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi kann een op Propretéit uechten, och wann een net vill Suen huet?

Gesondheet an Hygiène: Hänn wäschen (3:01)

Praktesch Tipps fir mam Fëmmen opzehalen.

„Ophale mat Fëmmen – awer wéi?“ (Erwachet!, Mai 2010)

E Mann erzielt, wéi hien seng Sucht no Pornografie iwwerwonnen huet.

„E laange Kampf, deen sech gelount huet“ (Der Wachtturm, Nr. 4, 2016)

a Den Erwachet!Ophale mat Fëmmen – awer wéi?“ ënner „Méi gewuer ginn“ huet praktesch Tipps, wéi ee vun enger Sucht lasskënnt.

b Praktesch Tipps, fir mat Masturbatioun opzehalen, fënnt een am Buch Fragen junger Leute – praktische Antworten, Band 1, Kapitel 25, „Masturbatioun: Wéi kann ech domat ophalen?“.