Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 55

Wéi s du deng Versammlung ënnerstëtze kanns

Wéi s du deng Versammlung ënnerstëtze kanns

Et gëtt Dausende vu Versammlunge weltwäit, an deene Millioune Mënsche Jehova mat Freed déngen. Si sinn dankbar fir d’Uleedung, déi si do kréien an ënnerstëtzen d’Versammlung op verschidden Aart a Weis. Ass dir deng Versammlung och esou vill wäert?

1. Wéi kanns du deng Zäit a Kraaft fir d’Versammlung asetzen?

Jiddweree vun eis kann an der Versammlung eng Hand mat upaken. Ginn et an denger Versammlung vläicht Eelerer a Kranker? Kanns du si mat an d’Versammlung huelen? Oder hinne beim Akafen oder am Haushalt hëllefen? (Lies Jakobus 1:27.) Du kanns och hëllefen, de Kinnekräichssall an der Rei a propper ze halen. Kee forcéiert eis, all dat ze maachen, mee mir stellen eis gär zur Verfügung, well mir Jehova an eis Bridder gär hunn (Psalm 110:3).

Zeie vu Jehova, déi gedeeft sinn, kënnen sech nach op eng aner Aart a Weis fir d’Versammlung asetzen. Bridder kënnen als Dienstamtgehilfen oder Ältesten déngen, wann si deem nokommen, wat d’Bibel vun esou Persoune verlaangt. Bridder a Schwëstere kënnen sech am Priedegtwierk besonnesch asetzen, wann si Pionéier sinn. A muncher kënne bei theokratesche Bauprojeten hëllefen oder an eng aner Versammlung goen, déi Hëllef brauch.

2. Wéi kënne mir d’Versammlung materiell ënnerstëtzen?

D’Bibel seet: „Ehre Jehova mit dem Kostbaren, das du besitzt“ (Sprüche 3:9). Mir si frou, d’Versammlung an d’weltwäit Priedegtwierk mat Geld oder anere Saachen ënnerstëtzen ze kënnen. (Lies 2. Korinther 9:7.) Mat eise Spende gëtt och d’Katastrophenhëllef ënnerstëtzt. Vill leeë reegelméisseg Suen op d’Säit, fir se ze spenden. (Lies 1. Korinther 16:2.) Et kann een online iwwer donate.jw.org spenden oder eppes an d’Spendekëscht am Kinnekräichssall geheien. Jehova gëtt eis d’Méiglechkeet ze weisen, wéi gär mir hien hunn, andeem mir d’Versammlung finanziell ënnerstëtzen.

AN DEN DETAIL GOEN

Wat fir Méiglechkeeten et gëtt, d’Versammlung ze ënnerstëtzen.

3. Du kanns d’Versammlung finanziell ënnerstëtzen

Jehova a Jesus freeën sech iwwer deen, dee gär eppes gëtt. Jesus ass zum Beispill eng Wittfra positiv opgefall, déi wéineg hat a Jehova trotzdeem eppes wollt ginn. Lukas 21:1-4 liesen. Dozou dës Froen:

  • Muss ee vill spenden, fir datt Jehova sech freet?

  • Wéi beréiert et Jehova a Jesus, wa mir vun Häerzen eppes ginn?

Et ass gutt ze wëssen, wéi eis Spende gebraucht ginn. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wéi profitéieren d’Versammlunge weltwäit vun de Spenden?

4. Du kanns deng Hëllef ubidden

An aler Zäit hunn déi, déi Jehova ugebiet hunn, sech dofir agesat, datt Gott säin Haus an engem gudden Zoustand war. Et ass net duergaangen, nëmme Geld ze spenden. 2. Chronika 34:9-11 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi konnt all Israelitt dozou bäidroen, den Tempel an der Rei ze halen?

Wéi huelen sech d’Zeie vu Jehova haut e Beispill dorun? De VIDEO kucken an dës Froe beschwätzen:

  • Firwat ass et wichteg, de Kinnekräichssall an der Rei a propper ze halen?

  • Wéi kanns du dobäi eng Hand upaken?

5. Bridder kënnen dorop hischaffen, méi Verantwortung ze iwwerhuelen

D’Bibel ermontert Bridder, sech mat ganzer Kraaft fir d’Versammlung anzesetzen. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

  • Wat huet de Ryan geännert, fir d’Versammlung besser ze ënnerstëtzen?

Wat gëtt vu Bridder erwaart, fir datt si als Dienstamtgehilfen oder Ältesten dénge kënnen? 1. Timotheus 3:1-13 liesen. Dozou dës Froen:

  • Wat muss e Brudder maachen, deen als Dienstamtgehilfen oder Ältesten dénge wëll?

  • Wat gëtt vun senger Fra a senge Kanner erwaart? (Dozou d’Verse 4 an 11.)

  • Wéi profitéiert déi ganz Versammlung dovun, wann sech Bridder beméien, dësen Ufuerderungen ze entspriechen?

WANN EE FREET: „Wéi gëtt dat Ganzt bei den Zeie vu Jehova finanzéiert?“

  • Wéi géifs du äntweren?

FAZIT

Et mécht Jehova immens frou, wa mir eis Zäit, Kraaft a Mëttel asetzen, fir d’Versammlung ze ënnerstëtzen.

Réckbléck

  • Wéi kënne mir eis Zäit an eis Kraaft fir d’Versammlung asetzen?

  • Wéi kënne mir d’Versammlung materiell ënnerstëtzen?

  • Wéi wëlls du d’Versammlung ënnerstëtzen?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Firwat Chrëschten net en Zéngtel bezuele mussen.

„Wat seet d’Bibel doriwwer, en Zéngtel ze ginn?“ (Online-Artikel)

An der Bibel gi verschidden Aufgaben engem Brudder zougedeelt. Wéi ass et, wann eng Schwëster dës Aufgaben iwwerhuele muss?

„Die Leitung durch ein Haupt in der Versammlung“ (Der Wachtturm, Februar 2021)

Wat couragéiert Bridder alles op sech geholl hunn, fir datt hir Glawensbridder Literatur kréien.

Am Kongo gëtt bibelesch Literatur verdeelt (4:25)

Wéi finanzéieren d’Zeie vu Jehova hiert Wierk am Verglach zu anere Reliounen?

„Wéi gëtt d’Wierk vun den Zeie vu Jehova finanzéiert?“ (Online-Artikel)