Ech vertrauen dir
Eroflueden:
1. Ouni dech verluer, Jehova,
bass ëmmer fir mech do.
Wouhi soll ech go’n, Jehova,
wëll bleiwen dir sou no.
D’Liewe bréngt Leed a Péng.
Deng Kraaft gëtt mir Mutt.
Deng Léift ass echt, du kenns mech sou gutt.
(REFRAIN)
Du bass mäi Fiels – mäi groussen Hiert,
an deng Hänn lee’n ech mäi Gebiet.
Du bass mäi Schëld, Schutz gëss du mir.
Mat ganzem Häerz vertrau’n ech dir.
Du bass ëmmer do fir mech.
Wat och ëmmer komme wäert, vertrau’n op dech!
2. Schëdde mäin Häerz aus, Jehova,
du schenks mir Kraaft esou.
Fänks mech op mat Léift, Jehova,
ech spieren dann déif Rou.
Sou vill kënnt op mech duer
an de läschten Deeg,
mee bei dir sinn ech a Sécherheet.
(REFRAIN)
Du bass mäi Fiels – mäi groussen Hiert,
an deng Hänn lee’n ech mäi Gebiet.
Du bass mäi Schëld, Schutz gëss du mir.
Mat ganzem Häerz vertrau’n ech dir.
Du bass ëmmer do fir mech.
Wat och ëmmer komme wäert, vertrau’n op dech!
(REFRAIN)
Du bass mäi Fiels – mäi groussen Hiert,
an deng Hänn lee’n ech mäi Gebiet.
Du bass mäi Schëld, Schutz gëss du mir.
Mat ganzem Häerz vertrau’n ech dir.
Du bass ëmmer do fir mech.
Wat och ëmmer komme wäert, vertrau’n op dech!
Vertrau’n op dech!

