Lëtzebuergesch
En Haus, dat dir Éier bréngt
https://cms-imgp.jw-cdn.org/img/p/1014236/univ/art/1014236_univ_sqr_xl.jpg

En Haus, dat dir Éier bréngt

En Haus, dat dir Éier bréngt

Eroflueden:

  1. 1. Jehova, du Schöpfer vum Himmel,

    onendlech grouss deng Herrlechkeet.

    Wann den Himmel dech net faasse kann,

    dann och net dëst Haus wat hei steet.

    Mee mir all däi Geescht hei verspieren.

    An Eenheet däi Wee trei mir ginn.

    Voller Freed zesummen déngen dir -

    sou dëst Haus wäert nach méi schéi sinn.

    (BRIDGE)

    Alles wat mir haut hunn,

    hu mir aus denger Hand kritt.

    Egal wat mir dir schenken,

    eigentlech dir zousteet.

    (REFRAIN)

    Fir alles si mir dir sou dankbar.

    Fir dech sange mir lo dëst Lidd.

    Duerch däi Seegen ass dëst Haus gebaut,

    sou dass däi Wëllen hei geschitt.

  2. 2. Jehova, du wousst wat mir brauchen,

    en Haus, wou mir dir Éier ginn.

    Wou deng Frënn sech gär versammelen

    an deng Léift all Mënsch ka gesinn.

    Dëst Haus dengem Virsaz soll dengen.

    Vill Aarbecht nach virun eis läit.

    Fir dat Wierk, dat Jesus eis ginn huet,

    schenke mir gär eis Kraaft an Zäit.

    (BRIDGE)

    Mir ginn ëmmer eist Bescht

    a mir ginn et vun Häerzen,

    well du hues et verdéngt.

    Du suergs esou gutt fir eis.

    (REFRAIN)

    Fir alles si mir dir sou dankbar.

    Fir dech sange mir lo dëst Lidd.

    Duerch däi Seegen ass dëst Haus gebaut,

    sou dass däi Wëllen hei geschitt.