Aféierung an den Deel 2
Firwat zerstéiert Jehova déi Welt vun deemools duerch eng Flut? Scho fréi an der Mënschheetsgeschicht fänkt e Kampf un – e Kampf tëschent Gutt a Béis. Muncher ewéi den Adam, d’Eva an hire Jong, de Kain, entscheede sech fir d’Säit vum Béisen. Nëmmen e puer ewéi den Abel an den Noah entscheede sech fir d’Säit vum Gudden. Déi meescht Mënsche ginn esou schlecht, datt Jehova déi béis Welt vernicht. Dësen Deel hëlleft eis ze verstoen, datt Jehova gesäit, fir wéi eng Säit mir eis entscheeden. An hie wäert ni zouloossen, datt dat Béist géint dat Gutt gewënnt.
AN DЁSER RUBRIK
GESCHICHT 3
Den Adam an d’Eva follege Gott net
Firwat ass ee Bam am Gaart Eden esou besonnesch? Firwat ësst d’Eva dovun?
GESCHICHT 4
Rose sinn ass geféierlech
Gott akzeptéiert dem Abel säin Affer, awer net dem Kain säint. Wéi de Kain dat mierkt, ass hien immens rosen a mécht eppes ganz Schlëmmes.
GESCHICHT 5
Dem Noah seng Arch
Wéi béis Engele Fraen op der Äerd bestueden, kréie si Kanner, déi aneren Angscht maachen an hinne wéidinn. Et ass iwwerall Gewalt. Mee den Noah ass anescht: Hien huet Jehova gär a lauschtert op hien.
GESCHICHT 6
Aacht Mënschen iwwerliewen d’Sintflut
Duerch d’Sintflut reent et 40 Deeg a 40 Nuechten. Den Noah a seng Famill si méi wéi e Joer laang an der Arch. Da kënne si endlech erausgoen.

