LÉIER VUN DE GESCHICHTEN AUS DER BIBEL

Aféierung an den Deel 13

Lëtzebuergesch
Aféierung an den Deel 13
https://cms-imgp.jw-cdn.org/img/p/1102016143/univ/art/1102016143_univ_sqr_xl.jpg
lfb S. 202-203

Aféierung an den Deel 13

Aféierung an den Deel 13

De Jesus ass op d’Welt komm, fir säi Liewe fir onvollkomme Mënschen ze ginn. Obwuel hie stierft, gewënnt hie géint d’Welt. Jehova léisst säi Jong net am Stach, mee hien ass loyal a bréngt hien nees zum Liewen zeréck. Mat Demut déngt de Jesus bis zu sengem Doud a verzeit aneren, wann si Feeler maachen. No senger Operstéiung erschéngt hie senge Jünger. Hie seet hinnen, wéi si den Optrag erfëlle sollen, deen hien hinne ginn huet. Wann s du e Kand hues, dann hëllef him ze verstoen, datt mir dësen Optrag och kritt hunn.

AN DЁSER RUBRIK

GESCHICHT 87

Dem Jesus säi lescht Owesiessen

De Jesus gëtt sengen Apostele wichteg Uweisungen, wéi si fir d’lescht zesummen iessen.

GESCHICHT 88

De Jesus gëtt festgeholl

De Judas Iskariot kënnt mat enger grousser Trupp vu Männer, déi Schwäerter a Knëppelen dobäi hunn, fir de Jesus festzehuelen.

GESCHICHT 89

De Péitrus seet, datt hien de Jesus net kennt

Wat geschitt am banneschten Haff vum Kaiphas sengem Haus? A wat geschitt am Haus mam Jesus?

GESCHICHT 90

De Jesus stierft

Firwat léisst de Pilatus de Jesus ëmbréngen?

GESCHICHT 91

»De Jesus ass vun den Doudegen operstanen«

Wéi eng beandrockend Saache geschéien, nodeems de Jesus ëmbruecht ginn ass?

GESCHICHT 92

De Jesus weist sech de Fëscher

Wourun erkennen si hien?

GESCHICHT 93

De Jesus geet zeréck an den Himmel

Virdru gëtt hie senge Jünger nach ganz wichteg Uweisungen.