Léier vun de Geschichten aus der Bibel

Komm mat op eng Zäitrees – vum Schëpfungsbericht, iwwer d’Gebuert an d’Liewe vum Jesus bis zu Gott sengem Kinnekräich.

E Bréif vun der Leedender Kierperschaft

Wéi kann dëst Buch gebraucht ginn?

GESCHICHT 1

Gott mécht den Himmel an d’Äerd

D’Bibel seet, datt Gott den Himmel an d’Äerd gemaach huet. Wien huet hien als alleréischt gemaach a firwat?

GESCHICHT 2

Gott mécht den éischte Mann an déi éischt Fra

Gott mécht den éischte Mann an déi éischt Fra a léisst si am Gaart Eden wunnen. Si solle Kanner kréien an aus der Äerd e Paradis maachen.

GESCHICHT 3

Den Adam an d’Eva follege Gott net

Firwat ass ee Bam am Gaart Eden esou besonnesch? Firwat ësst d’Eva dovun?

GESCHICHT 4

Rose sinn ass geféierlech

Gott akzeptéiert dem Abel säin Affer, awer net dem Kain säint. Wéi de Kain dat mierkt, ass hien immens rosen a mécht eppes ganz Schlëmmes.

GESCHICHT 5

Dem Noah seng Arch

Wéi béis Engele Fraen op der Äerd bestueden, kréie si Kanner, déi aneren Angscht maachen an hinne wéidinn. Et ass iwwerall Gewalt. Mee den Noah ass anescht: Hien huet Jehova gär a lauschtert op hien.

GESCHICHT 6

Aacht Mënschen iwwerliewen d’Sintflut

Duerch d’Sintflut reent et 40 Deeg a 40 Nuechten. Den Noah a seng Famill si méi wéi e Joer laang an der Arch. Da kënne si endlech erausgoen.

GESCHICHT 7

Den Tuerm vu Babel

Munch Leit wëlle gär eng Stad bauen an en Tuerm, dee bis an den Himmel geet. Firwat mécht Gott, datt si op eemol a verschiddene Sprooche schwätzen?

GESCHICHT 8

Den Abraham an d’Sara lauschteren op Gott

Firwat tauschen den Abraham an d’Sara hiert Liewen an enger Stad géint e Liewen an Zelter?

GESCHICHT 9

Endlech e Jong!

Wéi erfëllt Gott dat, wat hien dem Abraham versprach huet? Duerch den Isaak oder duerch den Ismael?

GESCHICHT 10

Erënner dech un dem Lot seng Fra

Gott léisst Feier a Schwiefel iwwer Sodom a Gomorra reenen. Firwat ginn dës Stied vernicht? Firwat solle mir eis un dem Lot seng Fra erënneren?

GESCHICHT 11

Den Abraham vertraut wierklech op Jehova

Gott seet dem Abraham: »Huel wannechgelift däin eenzege Jong an affer hien op engem Bierg am Land Moria.« Esou gëtt dem Abraham säi Glawe gepréift. Wéi reagéiert hien dorop?

GESCHICHT 12

De Jakob kritt d’Ierfschaft

Den Isaak an d’Rebekka hunn Zwillingen, mam Numm Esau a Jakob. Well den Esau als éischten op d’Welt kënnt, huet hien d’Recht op eng besonnesch Ierfschaft. Firwat gëtt hien dat einfach op fir en Teller Zopp?

GESCHICHT 13

De Jakob an den Esau schléisse Fridden

Wéi kritt de Jakob e Seege vun engem Engel? A wéi schléisst hie mam Esau Fridden?

GESCHICHT 14

E Sklav lauschtert op Gott

De Joseph mécht, wat richteg ass a muss trotzdeem vill leiden. Firwat?

GESCHICHT 15

Jehova vergësst de Joseph net

Obwuel de Joseph wäit ewech vu senger Famill ass, beweist Gott, datt hie mat him ass.

GESCHICHT 16

Wien ass den Hiob?

Hie follegt Jehova, och wann et ganz schwéier ass.

GESCHICHT 17

De Moses entscheet sech fir Jehova

De Moses gëtt als Baby duerch de clevere Plang vu senger Mamm gerett.

GESCHICHT 18

Eng Heck a Flamen

Firwat verbrennt d’Feier d’Heck net?

GESCHICHT 19

Déi éischt dräi Ploen

De Pharao bréngt vill Misär iwwer seng Leit, well hien ze stolz ass eng einfach Saach ze maachen.

GESCHICHT 20

Déi nächst sechs Ploen

Wéi ënnerscheede sech dës Ploe vun deenen éischten dräi?

GESCHICHT 21

Déi zéngt Plo

Dës Plo huet et esou a sech, datt esouguer de stolze Pharao endlech nogëtt.

GESCHICHT 22

D’Wonner vum Roude Mier

De Pharao iwwersteet déi zéng Ploen, awer iwwerlieft hien och dëst Wonner vu Gott?

GESCHICHT 23

Si gi Jehova e Verspriechen

D’Israelitte gi Jehova e besonnescht Verspriechen, wéi si beim Bierg Sinai campéieren.

GESCHICHT 24

Si briechen hiert Verspriechen

Wéi de Moses déi Zéng Geboter kritt, sënnegt d’Vollek ganz schlëmm.

GESCHICHT 25

E besonnescht Zelt fir d’Ubiedung

An dësem besonneschen Zelt steet d’Tru vum Bond.

GESCHICHT 26

Déi zwielef Spiounen

De Josua an de Kaleb sinn anescht ewéi déi aner 10 Männer, déi d’Land Kanaan mat hinnen ënnersicht hunn.

GESCHICHT 27

Si rebelléiere géint Jehova

De Korah, Dathan, Abiram an 250 aner Männer verstinn net, wat Jehova wichteg ass.

GESCHICHT 28

Dem Bileam säin Iesel schwätzt

Den Iesel gesäit een, deen de Bileam net gesäit.

GESCHICHT 29

Jehova wielt de Josua aus

Jehova seet dem Josua eppes, dat och eis haut hëllefe kann.

GESCHICHT 30

D’Rahab verstoppt d’Spiounen

D’Mauere vu Jericho falen an e Koup. Obwuel dem Rahab säin Haus op der Mauer gebaut ass, bleift et stoen.

GESCHICHT 31

De Josua an d’Gibeonitter

De Josua biet zu Gott a seet: „Sonn, bleif stoen!“ Erhéiert Gott d’Gebiet?

GESCHICHT 32

De Mann, deen d’Vollek als nächst féiert an zwou couragéiert Fraen

Nodeems de Josua gestuerwen ass, fänken d’Israelitten un, Gëtzen ze déngen. Dofir gëtt d’Liewen haart, awer si kréien Hëllef vun dräi couragéierte Persounen.

GESCHICHT 33

D’Ruth an d’Noomi

D’Ruth an d’Noomi hunn alle béid hire Mann verluer. Si ginn zeréck an Israel. Do schafft d’Ruth op engem Feld a léiert de Boas kennen.

GESCHICHT 34

De Gideon gewënnt géint d’Midianitter

D’Israelitte froe Jehova ëm Hëllef, well d’Midianitter hinnen d’Liewe schwéier maachen. Wéi gewënnt dem Gideon seng Arméi géint 135 000 midianittesch Zaldoten?

GESCHICHT 35

D’Hanna biet ëm e Jong

Den Elkana hëlt d’Hanna, d’Peninna an d’Kanner mat op Silo bei d’Zelt vun der Versammlung. D’Hanna biet ëm e Jong. E Joer méi spéit kënnt de Samuel op d’Welt!

GESCHICHT 36

Dem Jephtha säi Verspriechen

Wéi e Versprieche gëtt de Jephtha a firwat? Wéi reagéiert säi Meedchen op dëst Verspriechen?

GESCHICHT 37

Jehova schwätzt mam Samuel

Dem Ieweschte Priister Eli seng zwee Jongen déngen als Priister, mee si hale sech net u Gott seng Geboter. De jonke Samuel ass anescht a Jehova schwätzt mat him.

GESCHICHT 38

Jehova mécht de Simson staark

Gott mécht de Simson staark, fir d’Israelitte vun de Philister ze befreien. Mee da mécht de Simson e grousse Feeler an d’Philister huelen hie gefaangen.

GESCHICHT 39

Den éischte Kinnek vun Israel

Gott huet den Israelitte Riichter ginn, fir si ze leeden, mee elo froen si e Kinnek. De Samuel salleft de Saul als éischte Kinnek vun Israel, awer méi spéit, leent hien de Saul of. Firwat?

GESCHICHT 40

Den David an de Goliath

Jehova wielt den David als nächste Kinnek vun Israel. Den David beweist, firwat dat eng gutt Entscheedung ass.

GESCHICHT 41

Den David an de Saul

Firwat haasst de Saul den David? Wéi geet den David domat ëm?

GESCHICHT 42

De Jonathan ass en treie Frënd mat Mutt

Dem Kinnek säi Jong gëtt e gudde Frënd vum David.

GESCHICHT 43

De Kinnek David sënnegt

Eng schlecht Entscheedung féiert zu vill Misär.

GESCHICHT 44

En Tempel fir Jehova

Gott ass mat dem Kinnek Salomo sengem Gebiet averstanen. Firwat ass de Salomo berüümt?

GESCHICHT 45

D’Kinnekräich gëtt gedeelt

Vill Israelitte biede Jehova net méi un.

GESCHICHT 46

Wat um Bierg Karmel geschitt

Wien ass de richtege Gott? Jehova oder de Baal?

GESCHICHT 47

Jehova këmmert sech ëm den Elia

Mengs du, Jehova ka sech och ëm dech këmmeren?

GESCHICHT 48

Eng Wittfra kritt hire Jong zeréck

Zwee Wonner am selwechten Haus!

GESCHICHT 49

Eng béis Kinnigin kritt hir Strof

D’Isebel denkt sech e Komplott aus, fir den Naboth ëmzebréngen, fir säi Wéngert ze kréien. Awer Jehova gesäit seng Schlechtegkeet.

GESCHICHT 50

Jehova kämpft fir de Josaphat

De gudde Kinnek Josaphat freet Jehova ëm Hëllef, wéi Juda vu feindleche Natiounen ugegraff gëtt.

GESCHICHT 51

Dat klengt Meedchen an de Krichsmann

E klengt israelittescht Meedchen erzielt senger Cheffin vu Jehova senger grousser Muecht, mat wonnerbare Resultater.

GESCHICHT 52

Jehova seng Arméi aus Feier

„Et sinn der méi op eiser Säit ewéi op hirer Säit“ – wéi fënnt dem Elisa säin Dénger dat eraus?

GESCHICHT 53

Dem Jehojada säi Mutt

En treie Priister leet sech mat enger béiser Kinnigin un.

GESCHICHT 54

Jehova ass gedëlleg mam Jona

Wéi ass et dozou komm, datt e Prophéit vu Gott vun engem grousse Fësch ofgeschléckt gouf? Wéi ass hien erëm do erauskomm? Wat huet de Jona vu Jehova geléiert?

GESCHICHT 55

Jehova säin Engel beschützt den Hiskia

D’Feinde vu Juda soen, datt Jehova säi Vollek net beschützt, awer si iere sech!

GESCHICHT 56

De Josia huet Gott säi Gesetz gär

De Josia ass 8 Joer al, wéi hien de Kinnek vu Juda gëtt. Hien hëlleft dem Vollek, Jehova nees richteg unzebieden.

GESCHICHT 57

Jehova schéckt de Jeremia priedegen

Dat, wat dëse jonke Prophéit seet, mécht d’Älteste vu Juda ganz rosen.

GESCHICHT 58

Jerusalem gëtt zerstéiert

D’Vollek vu Juda hält net op, falsch Gëtter unzebieden. Dowéinst ass Jehova net méi fir si do.

GESCHICHT 59

Véier Jonge lauschteren op Jehova

Jonk Judde sinn decidéiert Jehova trei ze bleiwen, och wann se um kinneklechen Haf vum Nebukadnezar sinn.

GESCHICHT 60

E Kinnekräich, dat fir ëmmer bleift

Den Daniel erkläert dem Nebukadnezar, wat säi komeschen Dram bedeit.

GESCHICHT 61

Si verneige sech net

De Schadrach, Meschach an Abednego weigeren sech, d’Statu aus Gold vum babylonesche Kinnek unzebieden.

GESCHICHT 62

En Dram vun engem grousse Bam

Dem Nebukadnezar säin Dram seet him seng Zukunft viraus.

GESCHICHT 63

D’Schrëft un der Mauer

Wéini erschéngt dës geheimnisvoll Schrëft a wat bedeit se?

GESCHICHT 64

Den Daniel bei de Léiwen

Biet all Dag zu Jehova, esou wéi den Daniel!

GESCHICHT 65

D’Esther rett säi Vollek

Wéi ass e Weesekand zur persescher Kinnigin ginn?

GESCHICHT 66

Den Esra erkläert Gott säi Gesetz

Nodeems d’Israelitten dem Esra nogelauschtert hunn, gi si Gott e besonnescht Verspriechen.

GESCHICHT 67

D’Mauere vu Jerusalem

Den Nehemia fënnt eraus, datt d’Feinden en Ugrëff plangen. Firwat huet hie keng Angscht?

GESCHICHT 68

D’Elisabeth kritt e Puppelchen

Firwat kann dem Elisabeth säi Mann eréischt nees schwätzen, nodeems de Puppelche gebuer ass?

GESCHICHT 69

Den Engel Gabriel besicht d’Maria

Wat hien dem Maria seet, verännert säi ganzt Liewen.

GESCHICHT 70

Engele kënnegen d’Gebuert vum Jesus un

Wéi reagéieren d’Hierten dorop?

GESCHICHT 71

Jehova beschützt de Jesus

E béise Kinnek wëll de Jesus ëmbréngen.

GESCHICHT 72

De Jesus als Jugendlechen

Wéi beandrockt hien déi, déi am Tempel léieren?

GESCHICHT 73

De Johannes bereet de Wee vir

De Johannes gëtt e Prophéit a léiert, datt de Messias kënnt. Wéi reagéieren d’Leit op seng Noriicht?

GESCHICHT 74

De Jesus gëtt de Messias

Wat mengt de Johannes domat, wann hie seet, de Jesus wier d’Lamm vu Gott?

GESCHICHT 75

Den Däiwel probéiert, de Jesus an d’Fal ze lackelen

Dräimol probéiert den Däiwel, de Jesus eranzeleeën. Op wéi eng dräi Manéiere probéiert den Däiwel, de Jesus an d’Fal ze lackelen? Wéi äntwert de Jesus?

GESCHICHT 76

De Jesus rengegt den Tempel

Firwat dreift de Jesus d’Déieren aus dem Tempel a geheit d’Dëscher vun de Verkeefer ëm?

GESCHICHT 77

D’Fra beim Pëtz

D’Samaritterin, déi beim Jakob sengem Pëtz sëtzt, ass iwwerrascht, datt de Jesus mat hir schwätzt. Firwat? Wat seet de Jesus hir, wat hie soss nach kengem erzielt huet?

GESCHICHT 78

De Jesus priedegt d’Noriicht vum Kinnekräich

De Jesus invitéiert e puer vu senge Jünger, „Mënschefëscher“ ze ginn. Méi spéit, schoult hie 70 Jünger fir eng gutt Noriicht ze priedegen.

GESCHICHT 79

De Jesus wierkt vill Wonner

Iwwerall wou de Jesus higeet, kommen d’Leit mat hire Krankheeten an hie mécht si all erëm gesond. Hie léist esouguer e klengt Meedche vun den Doudegen operstoen

GESCHICHT 80

De Jesus wielt déi zwielef Apostelen aus

Firwat wielt hien si aus? Weess du nach hir Nimm?

GESCHICHT 81

D’Biergpriedegt

De Jesus bréngt de Mënschen, déi sech versammelt hunn, wäertvoll Saache bäi.

GESCHICHT 82

De Jesus erkläert, wéi ee biede soll

Ëm wéi eng Saache sollen dem Jesus seng Jünger ëmmer erëm froen?

GESCHICHT 83

De Jesus gëtt Dausende vu Leit eppes z’iessen

Wat seet eis dëst Wonner iwwer de Jesus a Jehova?

GESCHICHT 84

De Jesus geet um Waasser

Kanns du dir virstellen, wéi d’Apostelen sech fillen, wéi si dëst Wonner gesinn?

GESCHICHT 85

De Jesus heelt um Sabbat

Firwat freet sech net jiddereen doriwwer?

GESCHICHT 86

De Jesus bréngt de Lazarus erëm zum Liewen

Wéi de Jesus d’Maria kräische gesäit, fänkt hien och u mat kräischen. Awer hir Trauer verwandelt sech geschwënn a Freed.

GESCHICHT 87

Dem Jesus säi lescht Owesiessen

De Jesus gëtt sengen Apostele wichteg Uweisungen, wéi si fir d’lescht zesummen iessen.

GESCHICHT 88

De Jesus gëtt festgeholl

De Judas Iskariot kënnt mat enger grousser Trupp vu Männer, déi Schwäerter a Knëppelen dobäi hunn, fir de Jesus festzehuelen.

GESCHICHT 89

De Péitrus seet, datt hien de Jesus net kennt

Wat geschitt am banneschten Haff vum Kaiphas sengem Haus? A wat geschitt am Haus mam Jesus?

GESCHICHT 90

De Jesus stierft

Firwat léisst de Pilatus de Jesus ëmbréngen?

GESCHICHT 91

»De Jesus ass vun den Doudegen operstanen«

Wéi eng beandrockend Saache geschéien, nodeems de Jesus ëmbruecht ginn ass?

GESCHICHT 92

De Jesus weist sech de Fëscher

Wourun erkennen si hien?

GESCHICHT 93

De Jesus geet zeréck an den Himmel

Virdru gëtt hie senge Jünger nach ganz wichteg Uweisungen.

GESCHICHT 94

D’Jünger kréien den hellege Geescht

Wéi e Wonner kënne si mat Hëllef vum hellege Geescht maachen?

GESCHICHT 95

Näischt ka si stoppen

D’leedend Männer vun de Judden, déi de Jesus ëmbruecht hunn, probéiere seng Jünger dovun ofzehalen ze priedegen. Awer dat geléngt hinnen net.

GESCHICHT 96

De Jesus wielt de Saulus aus

De Saulus ass e schlëmme Géigner vun de Chrëschten, awer dat ännert sech.

GESCHICHT 97

De Kornelius kritt den hellege Geescht

Firwat schéckt Jehova de Péitrus an d’Haus vun engem, dee kee Judd ass?

GESCHICHT 98

D’Chrëschtentum verbreet sech

Den Apostel Paulus a seng Begleeder priedegen a Länner, déi wäit ewech sinn.

GESCHICHT 99

E Giischtje léiert d’Wouerecht kennen

Firwat ginn de Paulus an de Silas an de Prisong geheit? Wéi léiert de Giischtjen d’Wouerecht kennen?

GESCHICHT 100

De Paulus an den Timotheus

Déi zwee Männer schaffe jorelaang als Frënn a Glawensbridder zesummen.

GESCHICHT 101

De Paulus gëtt op Roum geschéckt

Et ass eng geféierlech Rees, awer näischt kann dësen Apostel stoppen.

GESCHICHT 102

D’Visioune vum Johannes

De Jesus weist him e puer Visiounen iwwer d’Zukunft.

GESCHICHT 103

„Looss däi Kinnekräich kommen“

D’Visiounen vum Johannes weisen, wéi Gott säi Kinnekräich d’Liewen op der Äerd verännert.