Gedenkfeier un dem Jesus säin Doud
Donneschdes, den 2. Abrëll 2026
Eemol am Joer kommen d’Zeie vu Jehova zesummen, fir sech un dem Jesus säin Doud ze erënneren. De Jesus huet d’Gebot ginn: „Maacht dat hei als Erënnerung u mech.“ (Lukas 22:19, BFL).
Mir invitéieren Iech an Är Famill ganz häerzlech op dësen Evenement.
Oft gestallte Froen (FAQ)
Wien ass wëllkomm?
Jiddereen ass häerzlech wëllkomm. Dir kënnt gär Är Frënn a Famill matbréngen.
Wéi laang dauert dësen Evenement?
Ongeféier eng Stonn.
Wou gëtt en ofgehalen?
Kontaktéiert d’Zeie vu Jehova aus Ärer Géigend.
Kascht den Entrée eppes? Geet een domat eng Verflichtung an?
Nee.
Gi Kollekte gemaach?
Nee. An eise Versammlunge gëtt ni Geld gesammelt (Matthäus 10:8).
Gëtt et en Dresscode?
Nee. Awer d’Zeie vu Jehova versichen, sech bei dëser Gedenkfeier respektvoll a würdeg ze kleeden.
Wéi leeft d’Gedenkfeier of?
D’Feier fänkt un an hält op mat engem gesongene Lidd an engem Gebiet, dat vun engem Zeie vu Jehova geschwat gëtt. An enger Usprooch gëtt erkläert, firwat den Doud vum Jesus esou wichteg war a wéi mir dovu profitéieren, wat Gott an de Christus fir eis gemaach hunn.
Fir méi Detailer gewuer ze ginn, kënnt Dir Iech dësen Artikel ukucken: „Firwat leeft d’Abendmahl bei den Zeie vu Jehova anescht of ewéi bei aner Reliounen?“
Wéini ginn déi nächst Gedenkfeieren ofgehalen?
2026: Donneschdes, den 2. Abrëll
2027: Méindes, den 22. Mäerz

