Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 30

Mäi Papp, mäi Gott a Frënd

Mäi Papp, mäi Gott a Frënd

(Hebräer 6:10)

  1. 1. Munchmol ass d’Liewe sou haart,

    Tréinen a Péng maache mech da schwaach.

    Dass d’Liewen dach wäertvoll ass,

    dat weist mir Gott all Dag.

    (REFRAIN)

    Mäi Gott ass ëmmer bei mir,

    ech weess, dass hie mech nimools verléisst.

    Geschenkt hunn him mäi Liewen –

    ni vergiesse wäert hie meng Léift!

    Mäi Gott wäert mech beschützen,

    hie fir mech do ass, egal wat kënnt.

    Jo, Jehova, du bass mäi Papp,

    mäi Gott a Frënd.

  2. 2. Jonk sinn ech leider net méi.

    All Dag méi schwaach wéi den Dag virdrun.

    Stäerkung an Trouscht kréi’n ech dann

    duerch d’Hoffnung déi ech hunn.

    (REFRAIN)

    Mäi Gott ass ëmmer bei mir,

    ech weess, dass hie mech nimools verléisst.

    Geschenkt hunn him mäi Liewen –

    ni vergiesse wäert hie meng Léift!

    Mäi Gott wäert mech beschützen,

    hie fir mech do ass, egal wat kënnt.

    Jo, Jehova, du bass mäi Papp,

    mäi Gott a Frënd.

(Dozou och Ps. 71:17, 18.)