Zeréck bei den Inhalt

Grondleeënd bibelesch Léieren

Dës kuerz Videoe ginn Äntwerten op grondleeënd Froen zu der Bibel ewéi: Firwat léisst Gott de Misär zou? Wat geschitt beim Doud? Firwat huet Gott d’Äerd gemaach?

Ass den Universum erschafe ginn?

De Bericht aus der Bibel gëtt oft mëssverstanen oder als e Märche klasséiert. Ass dat, wat d’Bibel iwwer den Ursprong vum Universum seet, plausibel?

Gëtt et Gott wierklech?

Fannt eraus, firwat et räsonabel ass u Gott ze gleewen.

Huet Gott en Numm?

Gott huet vill Bezeechnungen: Allmächtegen, Schöpfer oder Här. Awer och e Numm. Dëse Numm steet bal 7000 mol an der Bibel.

Eng Frëndschaft mat Gott – Wéi ass dat méiglech?

Wärend Joerhonnerten hu Mënschen de Wonsch gehat hire Schöpfer kennen ze léieren. D’Bibel kann eis hëllefen e Frënd vu Gott ze ginn. Dës Frëndschaft fänkt domat un den Numm vu Gott kennen ze léieren.

Wien ass den Auteur vun der Bibel?

Wa Mënschen dʼBibel geschriwwen hunn, firwat gëtt se dann „dʼWuert vu Gott“ genannt? Ëm wat geet et an der Bibel?

Firwat kann een un d’Bibel gleewen?

D’Bibel seet, datt si d’Wuert vu Gott ass, ee Gott, deen net léie kann. Kann een dat gleewen? Oder ass d’Bibel e Buch voll Märercher a Geschichten?

Firwat huet Gott d’Äerd gemaach?

Eis Äerd ass einfach wonnerschéin. Si huet de perfekten Ofstand zur Sonn, si huet déi richteg Neigung, an si dréint mat genee der richteger Vitesse. Firwat huet Gott sech sou vill Méi gemaach?

Wat ass de Sënn vum Liewen?

Wat ass de Schlëssel, fir op laang Dauer glécklech ze sinn an e Sënn am Liewen ze hunn?

Wat geschitt beim Doud?

D’Bibel versprécht eng Zäit, an der vill Mënschen eng Operstéiung vum Doud kréien, esou wéi deemools beim Lazarus.

Gëtt et eng Häll?

„Gott ass Léift“, wéi an der Bibel gewise gëtt, an nimools géif hie Mënsche fir vergaange Feeler quälen.

Ass Jesus Christus Gott?

Ass Jesus Christus deen allmächtege Gott? Oder si Jesus a Gott zwou verschidde Persounen?

Firwat ass Jesus gestuerwen?

Den Doud vu Jesus huet an der Bibel eng grouss Bedeitung. Firwat ass hien da gestuerwen?

Wat ass Gott säi Räich?

Jesus huet hei op der Äerd haaptsächlech iwwer Gott säi Räich geschwat. Wat ass dëst Räich oder Kinnekräich iwwerhaapt? Wat bréngt dat Räich eis Mënschen?

Gott säi Kinnekräich regéiert säit 1914

Viru méi ewéi 2 600 Joer, huet Gott bewierkt, datt e mächtegen Herrscher an engem Dram gesinn huet, wat sech virun eisen Aen erfëllt.

D’Welt huet sech säit 1914 verännert

Säit 1914 gesäit een un den Zoustänn an der Welt an un de Leit hierem Behuelen, datt der Bibel hir Prophezeiungen iwwer déi „lescht Deeg“ amgaang sinn, sech ze erfëllen.

Kommen Naturkatastrophe vu Gott?

Zwee Betraffener vu Naturkatastrophen erzielen, wat si an der Bibel gewuer gi sinn.

Firwat léisst Gott de Misär zou?

Vill froen sech firwat et esou vill Haass a Misär op der Welt gëtt. Äntwerten, déi zefriddestellen an tréischten, fënnt een an der Bibel.

Féieren all Weeër zu Gott?

Vill Mënsche mengen, et ass egal, wat fir eng Relioun een huet.

Akzeptéiert Gott de Gebrauch vu Biller an der Ubiedung?

Hëllefe Biller eis, fir Gott méi no ze sinn?

Lauschtert Gott op all Gebieder?

Wéi ass et, wann eng Persoun aus egoistesche Grënn biet? Wéi ass et, wann e Mann seng Fra schlecht behandelt an hien dann ëm de Seege vu Gott biet?

Wéi denkt Gott iwwer d’Bestietnes?

Gott wëll, datt mir e glécklecht Bestietnes féieren. D’Prinzippien aus der Bibel hu ville Koppele gehollef.

Wéi denkt Gott iwwer Pornografie?

Kënnt dat Wuert Pornografie an der Bibel vir? Wéi wësse mir, wéi Gott doriwwer denkt?