Wéi gëtt d’Wierk vun den Zeie vu Jehova finanzéiert?
Eist weltwäit Wierk gëtt haaptsächlech duerch fräiwëlleg Spende vun den Zeie vu Jehova finanzéiert. a An de Säll, wou mir eis versammelen, ginn et Spendekëschten an op donate.jw.org fënnt een nach aner Méiglechkeeten, wéi ee spende kann. Et gi verschidden Optiounen: et kann ee fir eis Aktivitéite weltwäit, fir déi lokal Versammlung oder fir béides spenden.
Vun Zeie vu Jehova gëtt net erwaart, den Zéngten ofzeginn oder eng bestëmmten Zomm vun hirer Pai ze spenden (2. Korinther 9:7). An eise Versammlunge gi keng Kollekte gemaach an den Entrée ass gratis. Fir eng Daf, e Bestietnes, e Begriefnes oder aner reliéis Déngschter froe mir keng Suen. Mir sammelen och kee Geld, andeems mir Basaren, Tombolaen, Kiermessen, Fester oder aner Evenementer organiséieren oder andeems mir Kuche verkafen. A mir maache keen Opruff fir ze spenden. Informatioune vun deenen, déi en Don maachen, ginn net weidergeleet an och net public gemaach (Matthäus 6:2-4). Op eiser Websäit oder an eise Publikatioune ginn et keng Reklammen, weeder fir gesponsert ze ginn nach fir Suen eranzekréien.
An eise Versammlungen, déi jidderee besiche kann, gëtt all Mount e Rapport vun de Konte presentéiert. D’Comptabilitéit vun all Versammlung gëtt reegelméisseg kontrolléiert, fir sécher ze goen, datt d’Spende korrekt benotzt ginn (2. Korinther 8:20, 21).
Wéi ee spende kann
Spendekëschten: Wie wëll, ka Suen an d’Spendekëschte geheien, déi een an eise Kinnekräichssäll oder Kongresssäll fënnt oder op anere Plazen, wou mir eis versammelen.
Online-Spenden: A ville Länner kann een d’Säit „Spenden an Jehovas Zeugen“ benotzen, fir en Don per Kredit- oder Debitkaart, Virement oder duerch aner elektronesch Methoden ze maachen. b Ettlech Zeie vu Jehova benotzen eng vun dëse Methoden, fir reegelméisseg ze spenden an esou all Mount eppes „op d’Säit [ze] leeën“ (1. Korinther 16:2, BFL).
Geplangte Spenden: Bei verschidde Spende muss een am viraus plangen a sech eventuell juristesch berode loossen. A munche Länner kann engem dat steierlech Virdeeler abréngen. Villen huet et eppes bruecht, sech méi iwwer dës Methoden ze informéieren, déi zu Liefzäiten oder nom Doud a Kraaft triede kënnen. Kontaktéiert wannechgelift d’Filial vun den Zeie vu Jehova, fir méi Detailer ze kréien, wann dir eng vun dëse Spende maache wëllt:
Bankkonten
Versécherungen a Pensiounspläng
Immobilien
Aktien a Wäertpabeieren
Testamenter an Trusts
Op der Säit „Spenden an Jehovas Zeugen“ fannt Dir méi Informatiounen, wéi een an Ärem Land spenden oder Done maache kann.
a Munch Persounen, déi keng Zeie vu Jehova sinn, ënnerstëtzen och gär eist Wierk mat engem Don.
b Am Video Wie man online spenden kann fënnt een nach weider Informatiounen.

