Wat ass d’Schluecht vun Armageddon?
D’Äntwert aus der Bibel
De Begrëff „Schluecht vun Armageddon“ bezitt sech op de leschte Krich tëschent Gott an de mënschleche Regierungen. Dës Regierungen an déi, déi si ënnerstëtzen, erkenne Gott a seng Regierung bis haut net un an domat stelle si sech géint Gott (Psalm 2:2). An der Schluecht vun Armageddon gi si all zerstéiert (Daniel 2:44).
D’Wuert „Armageddon“ kënnt nëmmen eng Kéier an der Bibel vir, an der Offenbarung 16:16. An dëser Prophezeiung gëtt dovu geschwat, datt „d’Kinneke vun der ganzer bewunnter Äerd … fir de Krich vum groussen Dag vum allmächtege Gott“ versammelt ginn, an zwar op der „Plaz …, déi op Hebräesch Armageddon genannt gëtt“ (Offenbarung 16:14).
Wie kämpft an der Schluecht vun Armageddon? De Jesus Christus féiert eng grouss Arméi am Himmel un a gewënnt géint Gott seng Feinden (Offenbarung 19:11-16, 19-21). Zu dëse Feinde gehéieren all déi, déi sech géint Gott stellen oder hie veruechten (Hesekiel 39:7).
Wäert d’Schluecht vun Armageddon am Noen Oste sinn? Nee. D’Schluecht vun Armageddon ass net op eng bestëmmte Plaz limitéiert, mee si betrëfft déi ganz Äerd (Jeremia 25:32-34; Hesekiel 39:17-20).
Armageddon, och bekannt als „Harmagedon“ (Hebräesch: Har Meghiddṓn), bedeit „Bierg vu Megiddo“. Megiddo war eng al Stad an Israel. D’Geschicht schwätzt vu wichtege Schluechten, déi et do an der Géigend gouf. Muncher vun hinne ginn och an der Bibel erwäänt (Richter 5:19, 20; 2. Könige 9:27; 23:29). Awer et ass net méiglech, datt Armageddon sech op déi Plaz bezitt, wou fréier Megiddo war. Do gëtt et nämlech kee grousse Bierg an och den Dall vu Jesreel wier ze kleng, fir all d’Feinde vu Gott ze versammelen. Mee wat ass Armageddon dann? Et ass eng weltwäit Situatioun, wou sech d’mënschlech Regierungen eng leschte Kéier géint Gott seng Herrschaft stellen.
Wat geschitt an der Schluecht vun Armageddon? Mir wëssen net genee, wéi Gott dee Moment seng Muecht asetzt. Awer hie kann déi selwecht Waffe gebrauchen, wéi hien dat schonn an der Vergaangenheet gemaach huet: Knëppelsteng, Äerdbiewen, Schloreen, Feier, Schwiefel, Blëtzer a Krankheeten (Hiob 38:22, 23; Hesekiel 38:19, 22; Habakuk 3:10, 11; Sacharja 14:12). Munch Feinde vu Gott wäerten esou duerchernee sinn, datt si sech géigesäiteg ëmbréngen. Awer virun hirem Doud gëtt hinnen da bewosst, datt a Wierklechkeet Gott géint si gekämpft huet (Hesekiel 38:21, 23; Sacharja 14:13).
Bedeit Armageddon d’Enn vun der Welt? Et ass net den Ënnergang vun eisem Planéit, well d’Äerd bleift fir ëmmer de Mënschen hiert Doheem (Psalm 37:29; 96:10; Prediger 1:4). An der Schluecht vun Armageddon gëtt net déi ganz Mënschheet vernicht. Am Contraire: „E grousst Vollek“, dat Gott ubiet, iwwerlieft (Offenbarung 7:9, 14; Psalm 37:34).
Wann d’Bibel dovu schwätzt, datt „d’Welt vergeet“, ass mat „Welt“ net d’Äerd gemengt, mee déi mënschlech Gesellschaft, déi sech géint Gott stellt (1. Johannes 2:15-17). Esou gesinn, bedeit Armageddon wierklech „d’Enn vun der Welt“, also d’Enn vun de béise Mënschen (Matthäus 24:3, Lutherbibel).
Wéini fänkt Armageddon un? Jesus sot iwwer d’„grouss Nout“, déi mat der Schluecht vun Armageddon ophält: „Den Dag an d’Stonn kennt keen, weeder d’Engelen am Himmel nach de Jong, mee nëmmen de Papp“ (Matthäus 24:21, 36). D’Bibel nennt zwar kee geneeën Datum, awer si weist, datt Armageddon an deem Zäitraum wäert sinn, wou Jesus als Kinnek am Himmel regéiert. Dës Zäit huet 1914 ugefaangen (Matthäus 24:37-39).

