Zeréck bei den Inhalt

Wat ass d’Bibel fir e Buch?

Wat ass d’Bibel fir e Buch?

 

  • E Buch vu Gott?

  • E Mäerchebuch?

  • E Buch wéi en anert?

 WAT SEET D’BIBEL DOZOU?

„. . . däi Wuert ass Wourecht.“ (Johannes 17:17, D’Evangelium op Lëtzebuergesch)

WAT HUNN ECH DOVUN?

Äntwerten op Froen no Sënn an Zweck vum Liewen (Sprüche 2:1-5)

Eng zouverléisseg Orientéierung fir den Alldag (Psalm 119:105)

Eng sécher Hoffnung fir d’Zukunft (Römer 15:4)

 KANN ECH DER BIBEL WIERKLECH TRAUEN?

Jo, aus op d’mannst dräi Grënn:

  • Et ass erstaunlech, wéi alles zesumme passt. D’Bibel ass vun ongeféier 40 Männer iwwert een Zäitraum vu 1 600 Joer geschriwwe ginn. Alles dréint sech ëm een Haaptthema, an dat, obwuel déi meescht vun de Schreiwer sech net kannt hunn!

  • Éierlech Schreiwer. Historiker hunn dacks nëmmen iwwer déi schéi Säite vun hirem Vollek geschriwwen. Awer d’Schreiwer vun der Bibel hunn éierlech iwwer hir eege Feeler an déi vun hirem Vollek geschwat (2. Chronika 36:15, 16; Psalm 51:1-4).

  • Prophezeiungen, déi mir gleewe kënnen. D’Bibel huet schon 200 Joer am viraus den Ënnergank vun der Stad Babylon prophezeit (Jesaja 13:17-22). Si huet awer net nëmmen hiren Ënnergank beschriwwen, mee souguer deejéinegen, deen d’Stad ageholl huet, mat Numm genannt! (Jesaja 45:1-3).

    Och vill aner Prophezeiungen aus der Bibel hu sech bis an dee klengsten Detail erfëllt. Ass et net genee dat, wat een sech vu Gott sengem Wuert erwaart? (2. Petrus 1:21).

 FIR NOZEDENKEN

Wéi kann d’Bibel eist Liewe verbesseren?

D’Äntwert fënnt een an der Bibel am Jesaja 48:17, 18 an 2. Timotheus 3:16, 17.